Luci

Model: Luci

Guitar Grand-Ducale Melusina

E Kaddo vun der Lëtzebuerger Musekszeen unlässlich dem Trounwiessel vum Groussherzog Guillaume (04.10.2025).

D’Melusina-Gittar ass e Gemeinschaftsprojet vun der lëtzebuerger Museksszen. Musekerinnen a Museker aus dem ganze Land hu gemeinsam e Symbol fir hiren Zesummenhalt, hir Kreativitéit an hir Bedeitung fir d’Kultur zu Lëtzebuerg geschaf.

De 4. Oktober 2025 ass „Luci“ unlässlich dem Trounwiessel fir d’éischt Kéier der Ëffentlechkeet presentéiert ginn; als musikaleschen Héichpunkt ass d’Nationalhymn drop gespillt ginn, interpretéiert vum Fred Barreto.

D’Initiativ koum direkt aus der Zeen eraus: Den Tom Schütz an de Marc Tock (Melusina Custom Guitars) hunn d’Iddi entwéckelt an dräi Instrumenter gebaut – eng Gittar als Kaddo fir de Groussherzog, eng zweet, déi fir e gudden Zweck versteet soll ginn, an eng drëtt als Ausstellungsstéck am Atelier. De Projet gouf vum Rocklab an der Rockhal ënnerstëtzt.

D’Gittar „Luci“, benannt an Uleedung u „Lucilinburhuc“, ass komplett a Handaarbecht gemaach ginn an duerch d’Kënschtlerin Sara Caldarola an de nationale Faarwe gestalt. D’Mierjongfra um Instrument verweist op d’Melusina-Saga a verbënnt Handwierk, Konscht, Musek an national Identitéit. Vill Lëtzebuerger Kënschtlerinnen a Kënschtler hu „Luci“ ënnerschriwwen – als kléngend Symbol vun enger lieweger Musekslandschaft.