Den 26.09.2025 hu mir d’Guitar Summit, déi gréisst Gitarrmesse an Europa, zesumme mat eise Partneren Stage Music, AMS Amps an Halon Parts besicht.

An Zukunft plange mir eng nach méi enk Zesummenaarbecht mat AMS Amps – ënnert anerem mat der Iddi, d’Amps optimal op eis Gittaren ofzestëmmen an och faarflech perfekt openee ofzepassen.

Mir si och stolz dorop, mat dem lëtzebuergesche Museksgeschäft Stage Music souwéi mat Halon Parts zesummenzeschaffen an gesinn eis als Deel vun dësem Kollektiv, dat weist, wat d’lëtzebuergesch Museksszene ze bidden huet.